Français

Eis Philosophie

Moud a Confort fir déi ganz Famill

Eis kompetent a frëndlech Ekipp vu Chaussures Léon verschreift sech zënter 100 Joer der Qualitéit a gëtt Iech domat d’Gewëssheet, gutt beroden ze ginn an e passende Schong ze fannen.

An eise Butteker an der Avenue de la Liberté an der Stad souwéi an der Belle Etoile zu Bartreng bidde mir Iech e grousse Choix u Marken – vun deene klengste bis déi gréisste Schonggréissten, mat verschiddene Breeten, fir orthopedesch Suele benotzen ze kënnen. Kuerz gesot: Fir all Fouss hu mir de passende Schong!

Quatre femmes représentant l'équipe Léon Chaussures

Dir braucht just nach an de Chaussures Léon ze kommen, Iech gemittlech dohin ze sëtzen an a Rou eis Schong unzemoossen. Männer-, Fraen- oder Kannerschong, klassesch oder modern Modeller – fir jiddereen ass eppes derbäi.

Eis Geschäfter

La Belle Etoile Shopping Center

Route d'Arlon
L–8050 Bartreng

Op Google Maps kucken

Ëffnungszäiten

  • Méindes bis freides, vun 9 bis 20 Auer
  • Samschdes, vun 9 bis 19 Auer

Luxembourg-Gare

62, avenue de la Liberté
L–1930 Lëtzebuerg

Op Google Maps kucken

Ëffnungszäiten

  • Méindes, vun 13 bis 18 Auer
  • Dënschdes bis samschdes, vun 10 bis 18 Auer

Eis Marken

Hei fannt Dir ëmmer déi passend Schong!

Spezialist vu Schong fir orthopedesch Suelen.
Gréissten: Dammen 32–44, Hären 38–50, Kanner 17–41
Bio-Schong: think, El Naturalista, Kavat, Snipe

Eis Geschicht

Familljebetrib zënter 3 Generatiounen!

Chaussures Léon gouf 1924 vum Léon Cahen gegrënnt an ass dat eelst Schonggeschäft zu Lëtzebuerg.

Säin Nofollger, den André Cahen ass an d’Geschäft erakomm nom fréien Doud vu sengem Papp Ferdinand. De Léon an de Ferdinand, – déi de selwechten Nonumm droen, awer net Famill matenee waren –, huet eng déif Frëndschaft verbonnen, dowéinst huet de Léon dem Ferdinand sengem Bouf André d’Méiglechkeet ginn, eng Léier bei Chaussures Léon ze maachen. 1973 huet den André d’Gerance iwwerholl, wéi de Fondateur Léon Cahen ouni Nofollger fir säi Geschäft verstuerwen ass. 1988 huet den André Cahen d’Geschäft du ganz iwwerholl. An zënter 2000 féiert d’Corinne Cahen de Schongbuttek an 3. Generatioun weider. Iwwert d’Joerzéngten ewech konnt d’Ekipp vu Chaussures Léon d’Léift zu de Schong esou vu Generatioun zu Generatioun weiderginn.

D’Butteker vu Chaussures Léon sinn op 62, Avenue de la Liberté an der Stad an am Shopping Center Belle Etoile zu Bartreng. Op béide Plaze kann de Client sech vum gewinnt frëndlechen a perséinleche Service souwéi engem grousse Choix un Dammen-, Hären- a Kannerschong iwwerzeegen.

1924

Kontact

La Belle Etoile Shopping Center

Route d'Arlon
L–8050 Bartreng

Op Google Maps kucken

Luxembourg-Gare

62, avenue de la Liberté
L–1930 Lëtzebuerg

Op Google Maps kucken